Eurofound Logo Ipsos Logo

Wëllkomm bei der Ëmfro iwwer d'Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg 2026


Mat Ärer Participatioun, drot Dir zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg an a ganz Europa bäi. Är Äntwerte liwweren d'Grondlag fir d'Entwécklung vu bessere politesche Moossnamen a Beräicher wéi Liewenshaltungskäschten, Zougang zu qualitativ héichwäertegem Wunnraum, a bezuelbarer Gesondheets- a Kannerbetreiung.

Fir d'Ëmfro auszefëllen, gitt wgl. de Login-Code an, deen Dir an Ärem Invitatiounsbréif geschéckt krut.


Problemer beim Aloggen? - liest wgl. eis -Säit oder eis direkt.

D'Ausfëlle vun der Ëmfro dauert ongeféier 30 Minutten. Wann Dir zu iergendengem Moment mat der Ëmfro wëllt ophalen, maacht einfach Ären Internetbrowser zou. Wann Dir wëllt virufueren, kënnt Dir Iech mam selwechte Passwuert nees aloggen an do weiderfueren, wou Dir stoebliwwe waart.

Fir méi Informatiounen zur Ëmfro, kuckt Iech wgl. den Tab un.

Fir Informatiounen zu der Aart a Weis, wéi mir Är Privatsphär an Är Date schützen, kuckt Iech wgl. den Tab un.

Ëmfro zur Liewensqualitéit 2026

D'Ëmfro gëtt vun Ilres, an Zesummenaarbecht mat Ipsos, am Optrag vun der Europäescher Stëftung fir d'Verbesserung vun de Liewens- an Aarbechtsbedéngungen (Eurofound) duerchgefouert

Dës Ëmfro soll Opschloss doriwwer ginn, wéi d'Mënschen zu Lëtzebuerg liewen, hir Gesondheet an hiert Wuelbefannen, hir Wunnsituatioun, hir Aarbecht an hiren Zougang zu ëffentlechen Déngschtleeschtungen abegraff. Ausserdeem gëtt ënnersicht, wéi d'Mënsche mat hire Gemengen an hirer Regierung a Verbindung stinn a wéi si den Internet notzen. D'Ëmfro hëlleft dobäi, Informatiounen ze sammelen, fir politesch Moossname fir d'Verbesserung vun de Liewensbedéngungen an der Liewensqualitéit vun de Mënschen ze entwéckelen..

Daten aus viregte Ronne vun der Ëmfro hunn dozou bäigedroen, datt…

  • nei EU-Gesetzer entwéckelt goufen, déi Pappen op d'mannst 10 Deeg bezuelte Pappecongé zougestinn, fir bei hirem neigebuerene Kand kënnen ze sinn.
  • nei EU-Gesetzer geschaf goufen, déi souwuel fir Mammen, wéi fir Pappen de selwechten Elterecongé virgesinn an domat eng gedeelt Betreiung vum Kand fërderen.
  • EU-Gesetzer entstane sinn, déi garantéieren, datt Aarbechter Deeg kënne fräihuelen, fir krank oder ofhängeg Familljememberen z'ënnerstëtzen
  • en neit EU-Gesetz soll gestalt ginn, dat Elteren a Betreier méi Ënnerstëtzung bitt, fir hir Aarbecht mat hirem Familljeliewen an Aklang ze bréngen.
  • EU-Richtlinne verbessert goufen, déi den Zougang vu jonke Leit zu Bildung a Formatioun a ländleche Gebidder erhéijen an Entrepreneuriat fërderen.
  • déi digital Konnektivitéit an ofgeleeëne Gebidder verbessert gouf.
  • d'Beschäftegung a wirtschaftlech benodeelegten oder geographesch isoléierte Géigende verbessert gouf.
  • Fakte bereetgestallt goufen, fir politesch Entscheedungsträger bei der Entwécklung vun der Europäescher Strategie fir Behënnerungen 2021-2030 z'ënnerstëtzen.
  • séchergestallt gëtt, datt gesellschaftleche Fortschrëtt net méi nëmme mat wirtschaftlechen Indicateuren, wéi dem Bruttoinlandsprodukt (BIP) gemooss gëtt, mee och mat Indicateuren, déi dat gesellschaftlecht Wuelbefanne moossen.

Wie féiert d'Ëmfro duerch?

D'Ëmfro gëtt vun Ilres, an Zesummenaarbecht mat Ipsos, am Optrag vun der Europäescher Stëftung fir d'Verbesserung vun de Liewens- an Aarbechtsbedéngungen (Eurofound) duerchgefouert

Iwwer Eurofound:

Eurofound, d'Europäesch Stëftung fir d'Verbesserung vun de Liewens- an Aarbechtsbedéngungen, ass d'tripartite EU-Agence, déi Wëssen zur Verfügung stellt, fir d'Ëntwécklung vu bessere sozialen, Aarbechts- a Beruffs-Richtlinnen z'ënnerstëtzen. Hir Missioun ass et, Informatiounen ze liwweren, déi hëllefen, besser sozial, Aarbechts- a berufsbezunne Richtlinnen z'entwéckelen. Weider Informatiounen zu Eurofound fannt Dir hei

Iwwer Ipsos:

Ipsos ass eng vun de féierende Fuerschungscompagnië weltwäit, déi zouverlässeg Informatioune liwwert, fir e preziist Verständnis vun der Gesellschaft, de Mäert an de Leit, fir der Welt ze hëllefen, besser Entscheedungen ze treffen. Weider Informatiounen zu Ipsos fannt Dir hei

Wourëm geet et an der Ëmfro?

D'Zil vun der Ëmfro iwwer d'Liewensqualitéit 2026 ass, ze verstoen, wéi d'Mënschen zu Lëtzebuerg an aneren europäesche Länner liewen, d'Gesondheet an d'Wuelbefannen, d'Wunnen, d'Aarbecht an den Zougang zu ëffentlechen Déngschtleeschtungen abegraff. Ausserdeem gëtt ënnersicht, wéi d'Mënsche mat hire Gemengen an hirer Regierung a Verbindung stinn a wéi si den Internet notzen. D'Ëmfro hëlleft dobäi, Informatiounen ze sammelen, fir politesch Moossname fir d'Verbesserung vun de Liewensbedéngungen an der Liewensqualitéit vun de Mënschen ze entwéckelen..

Wéi sinn ech erausgesicht ginn?

Dir gouft nom Zoufallsprinzip ausgewielt. Doduerch gëtt séchergestallt, datt all d'Deeler vun der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg ugemiess vertruede sinn. Dofir kënnt Dir net duerch eng aner Persoun ersat ginn. Dëst ass Är Chance, Iech Gehéier ze verschafen!

Wéi ginn d'Resultater vun der Ëmfro genotzt?

Mat Ärer Participatioun, drot Dir zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg an a ganz Europa bäi. Är Äntwerte liwweren d'Grondlag fir d'Entwécklung vu bessere politesche Moossnamen a Beräicher wéi Liewenshaltungskäschten, Zougang zu qualitativ héichwäertegem Wunnraum, a bezuelbarer Gesondheets- a Kannerbetreiung. Wousst Dir, datt d'Erkenntnisser aus der leschter Europäescher Ëmfro iwwer d'Liewensqualitéit zu Follgendem bäigedroen hunn:

  • sécherzestellen, datt gesellschaftleche Fortschrëtt net méi nëmme mat wirtschaftlechen Indicateuren, wéi dem Bruttoinlandsprodukt (BIP) gemooss gëtt, mee och mat Indicateuren, déi dat gesellschaftlecht Wuelbefanne moossen.
  • ze hëllefen, en neit EU-Gesetz ze gestalten, dat Elteren a Betreier méi Ënnerstëtzung bitt, fir hir Aarbecht mat hirem Familljeliewen an Aklang ze bréngen.
  • verbessert Beschäftegung a wirtschaftlech benodeelegten oder geographesch isoléierte Géigenden

Wéi fëllen ech d'Ëmfro aus?

Dir fannt de Login-Code fir d'Ëmfro auszefëllen op der éischter Säit vum Bréif, deen Dir zur Ëmfro kritt hutt. Gitt wgl. op a gitt de Code an d'Feld an.

Kann ech wärenddeem ech d'Ëmfro online ausfëllen eng Paus maachen?

Jo, wann Dir d'Ëmfro online ausfëllt, ginn Är Äntwerten no all Fro automatesch gespäichert. Gitt zeréck op d'Login-Säit vun der Ëmfro, mellt Iech mat Ärem Code un, a fuert do virun, wou Dir opgehalen hutt.

Bis wéini muss ech d'Ëmfro ausfëllen?

D'Ëmfro bleift fir e limitéierten Zäitraum zougänglech. Mir recommandéieren, se méiglechst zäitno nodeems Dir kontaktéiert gouft, auszefëllen, fir sécherzestellen, datt Är Stëmm gehéiert gëtt. Merci fir Äert Deelhuelen!

Wéi laang dauert d'Ausfëlle vun der Ëmfro?

D'Ausfëlle vun der Ëmfro dauert ongeféier 30 Minutten.

Ech hu meng Login-Detailer verluer, déi ech brauch fir d'Ëmfro online auszefëllen. Kann ech déi nach eng Kéier kréien?

Wann Dir d'Ëmfro net ausgefëllt hutt an Är Login-Detailer verluer hutt, kënne mir Iech hëllefen, se zeréck ze kréien. Kontaktéiert eis wgl. iwwert den Tab a mir schécken Iech Äre Login-Code direkt.

Wéi kréien ech mäi Voucher?

Jiddereen, deen d'Ëmfro ausfëllt, kritt e Bong am Wäert vun 20 Euro als Merci fir seng Zäit. Gitt einfach Är E-Mail-Adress zum Schluss vun der Ëmfro un, an Dir kritt innerhalb vun zwou Wochen eng E-Mail.

Wéi kréien ech Ënnerstëtzung bei engem Theema, dat an der Ëmfro iwwer d'Liewensqualitéit erwäänt gëtt?

Wann Dir vun engem vun den Theemen aus der Ëmfro zu der Liewensqualitéit betraff sidd, zéckt net, no professioneller Hëllef ze sichen. Eng Lëscht vun Ënnerstëtzungsdéngschter an Ärem Land fannt Dir hei.

Är Privatsphär

D'Deelhuelen un dëser Ëmfro ass fräiwëlleg. All d'Informatiounen, déi Dir ugitt, gi streng vertraulech behandelt. Är Äntwerte gi getrennt vun Äre perséinlechen Donnéeë gespäichert an ausschliisslech fir statistesch Zwecker benotzt. Déi eenzeg Ausnam besteet doran, datt Dir ausdrécklech zoustëmmt, fir zukünfteg Ënnersichungen nach eng Kéier kontaktéiert ze ginn. An de Resultater gëtt keng Persoun identifizéiert. Eis Aarbecht ënnerläit de strenge Vertraulechkeetsvirschrëfte vun der General Data Protection Regulation (GDPR). Eng komplett Dateschutzrichtlinn, déi Är Rechter festleet, ass am oder op Ufro disponibel.

Kontaktéiert eis

Äntwerten op déi am heefegste gestallte Froen zu dëser Ëmfro kënnt Dir .

Wann Dir weider Hëllef oder Informatioune braucht, oder keng weider Kommunikatiounen zu dëser Ëmfro wëllt kréien, wennt Iech wgl. un d'Helpline vun der EQLS-Ëmfro, andeems Dir de Formulaire ënnendrënner benotzt a mir kommen esou séier wéi méiglech op Iech zeréck:

* Erfuerderlech Felder

DATESCHUTZERKLÄRUNG

fir d'Europäesch Ëmfro zur Liewensqualitéit 2026

Last updated: 14. Oktober 2025

Als EU-Agence erkennt d'Europäesch Stëftung fir d'Verbesserung vun de Liewens- an Aarbechtsbedéngungen1 (oder Eurofound) d'Noutwendegkeet vum Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeën. Mir engagéieren eis dofir, dës als Datekontroller, ënner Anhale vun de gëllende Rechtsvirschrëften ze verschaffen2.

Wann Dir nom Liese vun dëser Erklärung nach Froen oder Zweifel zum Verschaffe vun Ären Donnéeën hutt, went Iech wgl. un dataprotectionofficer@eurofound.europa.eu. Mir äntwerten Iech esou séier, wéi méiglech, spéitstens innerhalb vun engem Mount.

Wat ass d'Europäesch Ëmfro zur Liewensqualitéit?

D'Europäesch Ëmfro zur Liewensqualitéit (oder EQLS) gouf 2003 an d'Liewe geruff a gëtt elo fir d'fënneft Kéier duerchgefouert. D'Ëmfro deckt e breete Spektrum un Aspekter rondrëm d'Theema Liewensqualitéit of, dorënner Wuelbefannen, Wunnen, Familjeliewen, Balance tëscht Beruff a Privatliewen, Gesondheetsversuergung, finanziell Sécherheet a sozial Participatioun. Insgesamt ginn iwwer 30.000 Leit an Europa befrot.

Déi erhuewen Date liwwere politeschen Entscheedungsdréier a Fuerscher wäertvoll, aktuell an objektiv Informatiounen zu dësen Theemen zu Lëtzebuerg an a ganz Europa, fir d'Liewensqualitéit fir jiddereen ze verbesseren. Déi éischt Resultater vun dëser Etüd wärten 2027 virleien.

Weider Informatiounen zur EQLS fannt Dir hei.

Wien ass fir d'Ëmfro verantwortlech?

Eurofound ass Datekontroller an ass fir d'EQLS 2026 verantwortlech. D'EQLS gëtt vun IPSOS3 am Optrag vun Eurofound duerchgefouert.

IPSOS ass eng Gesellschaft, déi Maartfuerschung bedreift, déi sech un déi héchsten ethesch Standarden a professionell Verhalenskodexen hält, dorënner WAPOR4 an ESOMAR5.

Wéi sinn ech erausgesicht ginn?

Dir sidd am Kader vun engem strenge wëssenschaftleche Prozess no Zoufallsprinzip ausgewielt ginn, fir datt mir mat enger repräsentativer Stéchprouw vun alle Persounen iwwer 16 Joer an Ärem Land kënne schwätzen. Jiddereen, deen invitéiert gouf, fir deelzehuelen, Dir abegraff, huet eng bekannt Warscheinlechkeet ongläich Null, fir ausgewielt ze ginn. D'Zoufallsstéchprouw gouf je no Land entweder unhand vun engem Persounen- oder Haushaltsregester oder op Basis vun enger Zielung erstallt.

Wéi eng perséinlech Donnéeë gi gesammelt?

Déi follgend Donnéeë gi verschafft:

  • Är Email-Adress oder Postuschrëft, Ärt Geschlecht an Ären Alter gi verschafft, fir Iech fir d'Participatioun un der Ëmfro ze invitéieren;
  • all perséinlech Donnéeën, déi Dir beim Beäntwere vun der Ëmfro ugitt, déi sech op verschidden Aspekter vun der Liewensqualitéit konzentréieren, dorënner (i) Är Warneemung vun Ärem eegene Wuelbefannen, (ii) Är familiär Situatioun, (iii) Är Wunnsituatioun an (iv) Ärt soziaalt Liewen;
  • Donnéeën zu Ärem subjektive Gesondheetszoustand, sou wéi Ärem Gebuertsland;
  • Informatiounen doriwwer, ob Dir bei de leschte Parlamentswale gewielt hutt, oder net. Mir weisen dorop hin, datt KENG sachlech Informatiounen doriwwer erfaasst ginn, fir wien datt Dir gewielt hutt;
  • Ären Numm an Är Email-Adress, wann Dir domat averstane sidd, am Kontext vu weidere Studien nach eng Kéier kontaktéiert ze ginn an dës Ugabe maacht, fir d'Entschiedegung ze kréien.
  • all Informatiounen, déi Dir duerch d'Ausfëlle vu Formulairen op eiser Websäit matdeelt, d'Melle vun Probleemer mat eiser Websäit abegraff;
  • all Informatiounen, déi Dir eis zur Verfügung stellt, d'Korrespondenz abegraff, wann Dir mat eis Kontakt ophuelt;

Mir informéieren, datt Ären Numm an Är Kontaktdaten, wann Dir dës fir Folgezwecker ugitt, mat Ären Äntwerte verkneppt ginn. Wann Dir se net ugitt, sinn Är Äntwerten op dës Ëmfro anonym an et ass Eurofound an/oder IPSOS net méiglech, Iech direkt oder indirekt unhand vun dësen Äntwerten ze identifizéieren. Op alle Fall wëlle mir kloerstellen, datt d'Fuerschungsresultater ananymiséiert ginn (d. h. et handelt sech just ëm statistesch Informatiounen) an Dir an de verëffentleche Resultater weder direkt nach indirekt identifizéierbar sidd.

Wat ass d'Rechtsgrondlag fir d'Verschaffe vun Äre perséinlechen Donnéeën?

Eurofound ënnerstëtzt d'EU-Legislateuren dobäi, besser Sozial-, Beschäftegungs- an aarbechtsberzunne Politiken an der gesamter EU ze gestalten. D'EQLS ënnerstëtzt dëst Zil, andeems se zolitt, mënschenzentréiert Erkenntnisser liwwert, déi Eurofound an der breeder EU-Politikgemeinschaft hëllefen, méi fair a méi bedierfnisorientéiert Politiken ze entwéckelen, déi op eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit a ganz Europa ofzilen.

An dësem Kontext ass d'Verschaffe vu perséinlechen Donnéeën, déi fir d'Ausfëlle vun der EQLS erfuerderlech sinn, noutwendeg fir d'Erfëlle vun den Aufgaben, déi Eurofound entspriechend senger Grënnungsveruerdnung6 iwwerdroe goufen an déi am ëffentlechen Interessi 7duerchgefouert ginn, besonnesch d'Entwécklung vu Sozial- a Beschäftegungspolitiken, déi d'Liewensqualitéit an der ganzer EU verbesseren.

D'Verschaffe vu Gesondheetsdonnéeën an Donnéeën zu Ärem Gebuertsland ass fir wëssenschaftlech Fuerschungszwecker gerechtfäerdegt8. All weidert Verschaffe vun Äre perséinlechen Donnéeën (z. B. fir Folgezwecker) geschitt just, wann Dir Ären Accord ginn hutt9.

A Bezuch op Donnéeën, déi Dir eis bei der Kontaktopnam zur Verfügung stellt (z. B. beim Ausféiere vun Ären Dateschutzrechter), ass et erfuerderlech, der gesetzlecher Verpflichtung fir d'Beäntwerte vun Ärer Ufro nozekommen10.

Mir weisen dorop hin, datt an dësem Kontext keng automatiséiert Entscheedungsfindung stattfënnt.

Wie verschafft Är Donnéeën?

Är Donnéeë ginn ausschliislech vu Mataarbechter vun de Fueschungsunitéite vun Eurofound op enger Need-to-know-Basis, souwéi vun uerdnungsgeméiss befugte Mataarbechter vun IPSOS verschafft, deenen hir Mataarbechter beim Ausféiere vun hiren Aufgabe gesetzlechen oder kontraktuelle Vertraulechkeetsverflichtungen ënnerleien.

Wéi laang ginn Är perséinlech Donnéeë gehalen?

Et gëllen déi follgend Fristen:

  • Perséinlech Donnéeë ginn nom Ofschloss vum Projet 12 Méint laang gehalen (d. h. bis Juni 2028).
  • Wann Dir zougestëmmt hutt, fir weider Fuerschungszwecker nach eng Kéier kontaktéiert ze ginn, ginn Ären Numm an Är Kontaktdate vun dem Datum, wou Dir dës Ugabe gemaach hutt, zwee Joer laang gehalen.

Nom Oflaf vun de Friste gi perséinlech Donnéeën sou entsuergt, datt hir Vertraulechkeet net beanträchtegt gëtt.

Wéi ginn Är perséinlech Donnéeë geschützt?

Et goufe verschidde Sécherheetskontrollen ageriicht, fir Är perséinlech Donnéeë virun onbefugtem Zougrëff, onbefugter Notzung oder Verbreedung ze schützen. Dofir ginn Är Donnéeën op Computersystemer an der Europäescher Unioun gespäichert, op déi just autoriséiert Mataarbechter Zougrëff hunn.

Är Äntwerte gi getrennt vun Äre perséinlechen Informatioune gespäichert an ausschliislech fir Fuerschungszwecker benotzt.

Är Participatioun, sou wéi Är individuell Äntwerten op d'Froe gi streng vertraulech behandelt. D'Fuerschungsresultater ginn anonymiséiert an ausschliislech a statistescher Form verëffentlecht, sou datt Dir an de verëffentlechte Resultater net identifizéierbar sidd.

Doriwwer eraus riicht IPSOS seng Aarbechtspraktiken no den international ofgemaachte Standarde fir international Maartfuerschungsqualitéitsstandarden (ISO20252), internationale Standarde fir Qualitéitsmanagementsystemer (ISO 9001) an internationale Standarde fir Informatiounssécherheetsmanagement (ISO 27001) aus.

Iwwermëttle mir Är Daten ausserhalb vun der EU?

All perséinlech Donnéeë ginn innerhalb vun der EU oder innerhalb vum Europäesche Wirtschaftraum (EWR) verschafft.

Wat sinn Är Rechter?

Innerhalb vun de vun der EUDPR festgeluechte Grenzen, hutt Dir d'Recht, op Är perséinlech Donnéeën zouzegräifen, se ze verbesseren, ze läschen an/ oder ze iwwerdroen, fir d'Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze limitéieren oder hir ze widderspriechen, an Är Awëllegung (falls erdeelt) ze widderruffen. Mir weisen dorop hin, datt d'Widderuffe vun Ärer Awëllegung keen Impakt op d'Rechtméissegkeet vum Verschaffe vun den Donnéeë wärend der Gëltegkeet vun Ärer Awëllegung huet.

Fir déi uewe genannte Rechter auszeüben, went Iech wgl. schrëftlech un EQLS26@eurofound.europa.eu. Är Ufro ass gratis. Ass se allerdéngs onbegrënnt oder iwwerdriwwen, ka Eurofound, als Datekontroller, refuséieren drun ze schaffen.

Dir hutt och d'Recht, eng Plainte beim Europäeschen Datenschutzbeoptragten anzereeechen, wann Dir der Meenung sidd, datt d'Verschaffe vun Äre perséinlechen Donnéeë géint d'Gesetz verstéisst. Weider Informatioune fannt Dir hei: https://edps.europa.eu/data-protection/our-role-supervisor/complaints/edps-complaint-form_en.

Benoriichtegung iwwer wesentlech Ännerungen

Mir behalen eis d'Recht vir, dës Erklärung vun Zäit zu Zäit ze aktualiséieren oder ze änneren, fir Ännerungen an der Veraarbechtung Rechnung ze droen. Mir recommandéieren Iech, dës Erklärung reegelméisseg ze liesen, fir Iech doriwwer ze informéieren, wéi mir Är perséinlech Informatioune verschaffen a schützen.

Kontakt

Froen, Kommentarer an Ufroen betreffend dës Ëmfro si wëllkomm a sollten un d'EQLS-Projetsteam, EQLS26@eurofound.europa.eu geriicht ginn.


1 Weider Informatiounen zu Eurofound, inklusiv eis Kontaktdaten, fannt Dir hei.

2 Regulation (EU) 2018/1725 of the European Parliament and of the Council on the protection of natural persons with regard to the processing of personal data by the Union institutions, bodies, offices and agencies and on the free movement of such data (oder EUDPR).

3 De Kontrakt gëtt vun IPSOS NV gehalen, enger no belschem Recht registréierter Gesellschaft. Weider Informatiounen zu IPSOS, inklusiv de Kontaktdaten, fannt Dir hei.

4 Weider Informatioune fannt Dir hei: https://wapor.org/.

5 Weider Informatioune fannt Dir hei: https://esomar.org/code-and-guidelines/icc-esomar-code.

6 Regulation (EU) 2019/127 of the European Parliament and of the Council of 16 January 2019 establishing the European Foundation for the improvement of living and working conditions (Eurofound), and repealing Council Regulation (EEC) No 1365/75, virun Allem d'Artikelen 1 an 2.

7 Artikel 5(1)(a) vum EUDPR.

8 Artikel 10(2)(j) vum EUDPR

9 Artikel 5(1)(d) vum EUDPR.

10 Artikel 5(1)(b) vum EUDPR.